Samstag, 30. Januar 2010

Esou net Här Obama!

Rod mol enker vun wiem dessen Satz staamt:
"Eine größere Kapazität unseres Landes zur Herstellung sauberer Atomenergie ist entscheidend für unseren Kampf gegen den Klimawandel, für Energiesicherheit und für weiteren wirtschaftlichen Wohlstand" (via dpa.de)
Wann elo su muncher een gemengt haett deen Satz keim vum Robby Goebbels, dem Angela Merkel oder dem Prince Sarkozy deen muss ech leider enttäuschen. Dessen Saatz staamt vun kengem aaneren wi dem selwerernannten Klimasuperman Barack Obama. Den US-President huet desst an engem Memorandum un den Steven Chu, ex-Chef vum IPCC, an momentanen US Energie a Energieminister matgedeelt. Seit dem 1979 "Beinahe-SuperGAU" vun Three Mile Island gouffen an den USA keng nai Reaktoren mi gebaut. Den Obama well den Budget vun der Atomkraft awer elo verdraifachen:
"Eine größere Kapazität unseres Landes zur Herstellung sauberer Atomenergie ist entscheidend für unseren Kampf gegen den Klimawandel, für Energiesicherheit und für weiteren wirtschaftlichen Wohlstand",

Soumadder schengt an den USA den Wee frai ze sin fir nai Reaktoren an soumatt weider inkalkuleierbar Risiken fir Mensch ant d Emwelt! Elo Atomkraaft als klimarettend Moosnahm ze verkafen ass absolut perfid: Nierwend der Endlagerung biergt d Atomkraft enorm vill weider Problemer mat sech ob(ech widerhuelen mech ech wees...), an ass absolut keng klimarettend Moosnahm... vun engem Friddensnobelpraisträger deen en plus sech well ansetzen fir eng Atomwaffen-Frai Welt an dobai net ze wëssen schéngt, Proliferatioun, an civil a militaeresch Expoitatioun vun Atomkraft Hand an Hand gin... Shame on you!

Source:
http://www.wort.lu/wort/web/europa_und_welt/artikel/71448/obama-stellt-weichen-fuer-atomenergie.php
http://www.guardian.co.uk/environment/2010/jan/29/climate-change-carbon-emissions

Mittwoch, 13. Januar 2010

Wéi d' Xenophobie sech an de Mainstream schléicht...

Hautzudags, besonneg an Zaiten vun Krise fénkt et jo schon rëm un schick ze gin wann een e bëssi op Auslänner klappt... Dat kridd een meeschtens och nach iergendwéi verzéiht an deem een seet "Ech sin jo keen Rassisst mee..."
Di schléichend Xenophobie ass och béi ons zum Mainstream gin... dat bëschten Beispill fannen ech dëssen flotten Ausschnëtt aus der RTL Sendung "Wanns de ëppes kanns":



an deem Sënn, groussen Bravo un den RTHELL dësst effektiv op Sendung ze bréngen... En gemeinsamt Feindbild ze hun huet na nie geschued, besonneg a schlechten Zaiten... dovunn kënnen äer Grousselteren ierch en Liddchen sangen...

Dofir meng Empfehlung: Den RTHELL sollt sech mol seriö Gedanken maachen wat en do op Sendung sëtzt, an den Country Sänger Mertens soll di nächst Songs op Franséich sangen... Méi domm gouff nach nie een vun enger Friemer Sproch, och keen Lëtzebuerger.

Mittwoch, 6. Januar 2010

Nacktscanner - Wiem netzt Debatte?

Wiem netzt di erem opgewiermten Debatte vun den Nacktscanneren? RICHTIG! Der Rüstungsindustrie. Den Marchésleader bei den Full Body Scanners ass nämlech keng aaner wéi: L3-Communications, en groussen amerikaneschen Rüstungsbetrieb.

Hai en kuerzen Auszuch vun hierer Haptsait am Internet:
"L-3 Communications is a prime contractor in Command, Control and Communications, Intelligence, Surveillance and Reconnaissance (C³ISR), Government Services, Aircraft Modernization and Maintenance (AM&M) and has the broadest base of Specialized Products in the industry. L-3 is also a major provider of homeland defense products and services for a variety of emerging markets." http://www.l-3com.com/"

Wien stecht hannert dem Konzern:
"Mr. LaPenta co-founded L-3 Communications in 1997, following a successful 24-year executive career at Loral Corporation. He and his partners formed L-3 (which stands for Lanza, LaPenta and Lehman Brothers) as a leveraged buyout of ten advanced electronics business units from Lockheed Martin."
>> The Usual Suspects also...
source: http://www.l1id.com/pages/209-robert-v-lapenta

Wat bréngt der L-3 Communications dess Debatt:
Ganz einfach: Den Aktiencours vun L-3 Communications ass seit dem Brennenden-Calecong vun Detroit dem 25. Dezember ant d Luucht geschoss wi keen aaneren am Nasdaq. Hai dozou eng kléng Illustration vun der Evaluatioun vum Aktiencours vun den läschten 14 Deeg:










... nach Froen... BRAVE NEW WORLD...
Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...