Freitag, 18. September 2009

The Simple Life - Sozi'en & Barroso

"Give me the simple life" huet d' Ella Fitzgerald schon an den 60er Joeren gesong an geswingt. Dëssen Saatz ass mir gëschter spontan agefall nodeems ech en Pressecommuniqué vun der JSL, den Jonken Sozen zur Barroso-Reelectioun geliers hun. Matt Schaum virum Mond wi tollwüteg Karpatenhënn wetteren se géint d' Lëtzebuerger CSV Deputéiert déi et gewot hun vir den Barroso ze stëmmen. Hiert grousst Virbild, d' (polit) Schwéiergewiicht Bobby Goebbels huet op eegend Gewëssen hin géint den Barroso gestëmmt. Wat awa bessi kropelëg ass an inkohärent ass de Fait dass di grouss Majoritéit vun den europäeschen "Sozialdemokraten" sech beim Vote enthaalen huet an soumadder den Wee fraigemach huet fir 5 weider Joer Sozialdumping, Bradéieren vun Arbechtsrecht, an katastrophaler Emwelt- , Aussen-, Migratiouns-, a Secherheetspolitik ënnert dem Merkel-Sarko a co hierem Schoussmippchen Barroso. Besonneg den Fait dass den Vize-President vun der JSL och als Vize-president vun ECSOY (European Community of Socialist Youth) den Communiqué ennerschreiwwt ass bessi gewot, schliesslech ass et weder der sou "pluralisteg an virdenkender" Ecosy, nach den progressistegen Elementer innerhalb vun der Fraktioun gelongen, d' Genossen dozou ze bewegen en bloc géint den Barroso ze stëmmen.
Vum Kampf gezeechent kommen d Europäesch Sozialdemokraten elo heem an berichten dass se "helas, naischt konnten ennerhuelen géint den Barroso". Dësst Phenomen gesäit een net nemmen bei der JSL mee och beim Fraktiounsvirsetzenden vum PES Schulz, deen eng brilliant Ried am EP géint den Barroso gehaalen huet, eng Faier a Flaam Ried, eng Oplëschtung vun der Inkompetenz vun dëser neoliberaler Barroso-McGreevy Commissioun, OR war just sain läschten Saatz net perfekt, an zwar dass d Majoriteit vum PSE sech giff enthaalen.

Leider ass dësst rem e schéint Beispill dofir dass d Sozialdemokratie am EP, am Zweifelsfall emmer sech hieren nationalen Regierungskoalitiounen beugt, an soumadder dem Barroso sénger Kommissiéinchen hiert d' Spill matdréihnt, egal wéi engagéiert hier Rieden a Pamphleten sin: Eng Enthaalung bei dëssem Vote war sou produktiv wéi engem Goldfësch Reefecher ze schenken.

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...