Sonntag, 2. August 2009

Déierenquälerei virun der Hausdir

En enorm krassen Fall vun Déierenquälerei huet mech haut denmoien schockéiert. Kéng 100 Meter vun menger Studentenwunning zu Tréier ass en aalen Schapp wu emmer erem Wëllkaatzen hausen. Da ech selwer och 2 Katzen hun, fidderen ech déi wëll emmer matt den Räschter vun deenen wat meng Kaatzen net iëssen (jo meng 2 Muusen sin zwee kleng verwinnten Naischtnotzen^^). Denmoien hun ech mech matt den Räschter vum Katzenfudder op den Wee gemach an hun matt Entsetzen missen feststëllen wei eng vun den 2 wëllen Katzenbabies doud nierwend dem Schapp louch. Ech duerch ma am Uffank, villeicht war se krank oder huet d Nuecht net iwwerstaanen mee wi ech bei den kléngen Kierper goung ass ma opgefall dass vum Bauch bis bai d Been riesech déif Läscher am Kierper vun der Kaatz waren... Ech war entsaat... dëss Wonnen kennen nëmmen vun enger Faal staamen. Ech sin dun bessi lenks a riets vum Schapp schälle gaang an hun mech emfroot opt d Leit naischt gesinn oder héieren hätten: Hai gouff ech namol richteg vum Blëtz getraff. Moies fréih hun Noperen en Auto bemierkt deen stohen bliwwen wäer an eng jäitzend Kaatz aus dem Auto geworf hätten... En Autokennzeeschen (wollt) huet awa keen bemierkt... typesch Bauerenmentalitéit... Op alle Fall waert ech elo probéieren di aaner kleng Katz an hier Mamm anzefänken an déi zu Tréier bei d Wëllkaatzen an den Déierenheem ze bréngen... ech hun absolut keng Loscht rëm eng kleng doud Miissi ze fannen. Uewen op der Foto ass di kleng Katz di ech denmoien fonnt hun - der gréisst no war se em di 6-10 Wochen aal well se och nach emmer bei der Mamm houngen.
Mir haten se Batman oder Bruce Wayne genannt well se en waissen Kierper an Mond haat an e schwarzen Kapp deen ausgesinn huet wéi eng Batmanmaske :) ...
Trauregt Enn vun der Geschicht: Wi ech zu Tréier bei der Police nogefrot hun krut ech just gesot "da kann man nicht viel machen" ... wi schéin dass net nemmen zu Lëtzebuerg mee och an Daitschland Déierenquälerei en Kavaléiersdelikt ze sin schengt!
Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...