Mittwoch, 13. Mai 2009

Die Indianer kommen! Verteidigt FORT Arcelor!





Zu den Auschreidungen gëschter an der naier Avenue folgend Gedanken:

- Wisou verschanzt sech d Police Grand-Ducale vun Uffank un am Siege vun der Arcelor-Mittal, schweierbewaffnet matt Tréinengaas an Gummigeschossen wéi wann se sech giffen op en Stuerm vum Ghengis Khan virbereeden?
- Provozéiert d Police Grand-Ducale net méih d Massen andeems se sech vun Uffank un an Kampfmontur verschanzt an soumadd schon quasi insistéiert dass d Arbed's Gebai beschiedegt gëtt an sie als souzesoen last-line-of Defence dono alles zereckschéissen kënnen wi op engem Fort am Wilden Westen?
- Hätt d' Police net besser gehaat deeskaléiert virzegoen andeems een seng Kampfmontur doheemléisst sain Helm net unhuet an matt den streikenden ArbeschterInnen an Dialogue geet?
- Amplaatz sëch Panzerween unzelehen haett d Police vlait och besser se giff méi Konfliktmanager ausbilden loosen oder hiert d Personal besser schoulen?


3 Kommentare:

  1. Ech sinn och kee Riesenfan vun eiser Police, mee et woer évident, dass do Casseuren mat dobäi wieren an et net just mat bëssen Diskutéieren gedoen wier ...

    Besser wier et natierlech, wann et iwwerhaapt net zu sou Demonstratiounen misst kommen!

    An dat Argumentatioun vun de Provokatioun ass och net esou gutt. Ween net ugräifen wëll, dee mécht dat och net. Egal op d'Flicen Kampfmontur oder en Tütü un hunn. An déi, die wëlles hunn eppes freckt ze schloen, maachen dat och egal wéi.

    Et ass net ëmmer ALLES der Police hier Schold. Et ginn ëmmer zwou Säiten an sou Konflikter.

    AntwortenLöschen
  2. Firwat muss d'Police Grand-Ducale dem 4.-räichste Mann vun der Welt säi Status-Symbol (erfëllt d'ARBEDs-Gebai nach eng aner Funktioun fir hien?) am Battle-Dress beschützen? Gëtt éiere gefaart, de Boss misst och Lëtzebuerger Siten zoumaachen, fir d'Rechnung vun enger privater Sécherheetsfirma fir deeselwechte Service bezuelen ze kënnen?

    Wat en Aarmut!

    AntwortenLöschen
  3. @ Strawdog dat ass richteg et gin emmer 2 saiten

    ech stellen just fest dass d letzebuerger police keen geschoult personal fir sou faell huet (krisenmanager, facillitators oder deeskalatiounsunitéiten...)

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...