Samstag, 28. Februar 2009

Only The Good Die Young!

Zum 85. vum Robert Mugabe:
Nach emmer un der Muecht trotz Chomagetaux vun 80%, Hongersnout, nach emmer Choleraepidemie, tagdächlech 80-100 nai Choleradoudeger, vun der Hexenjuegd op Oppositioneller, Schwuler, ethesch, a reliéis Minoritéiten oder Aidskranker(eng Gottesstroof) guer net ze schwetzen. Alles Guddes dem Robert Mugabe zum Gebuertsdag. Do kann een nemmen hoffen dass hien glaich sain Onwiesen 2 Meter méi déiw weiderdreiwwt.

Wisou a Russland Héngerdéif Prison kréien an Politkowskaja Mäerder net:

A Russland setzen vill Lait am Prison. Ronn 3% vun der Bevölkerung. Wisou: Een Argument ass dass di gudd aal Léier vun der Zarenzait "e Klauert gehéiert an den Prisong". Di aaner, ass en katastrophalt an ontransparent Justizsystem: Sou setzt eng Fra aus Zentralrussland sait 2 Joer am Prisong well sie eng Vase vun enger Nopesch gejickt huet, oder en Mann fir 2 Joer well en bei engem Bauer en Hong geklaut huet.

Den russeschen Präsident Dimitrij Medwedew huet ugekennegt dass hien giff den russegen Justizsystem renovéieren an reforméieren: Dësst ass och batter néideg.
Währenddeem Lait wéinst geklauten Vasen an gestuelenen Poulet'en am Bing setzen, gin di présuméiert Matschelleger vum Muerd un der Anna Politkowskaja fraigesprach. Bei aaneren "politesch-motivéierten" Morduschléi kënnt et mol guer net zu engem Prozess: Bai den kierzlech ermuedeten Menschentechtsaktivisten Stas' Markelov an Nastiya Baburova warden d' Famillen nach emmer op eng Policenquête.
Zukünfteg sollen also "kléng Lait" sech kennen aus dem Prison fraikaafen. Dh. ons Vasenjickerin an onsen Héngerdéif kéinten dësst beundrohen. Fir den Moskowiter Beau-Monde gëllt dësst scho lang: Den Jong vum russegen Innenminister Ivanov hat am Joer 2004 matt enger Hummerjeep eng 80-joer aal Bomchen op engem Foussgänger iwwerrannt. Och hien huet nie missen en Gerichtsall vun bannen gesin...

Donnerstag, 19. Februar 2009

Léiw ADR, Léiw ADR-WielerInnen

Dëssen Blogartikel wendet sech exklusiv un d' ADR WielerInnen a ADR-Memberen.(Leit déi net dem Absurden Demagogeschen Réckstännegskeetclub ugehéieren kennen natierlech gären matliersen

Léif ADRler,
Grousses huet dir viir, Regierungsbedeelegung (och wann keen wëll mat ierch regéieren), d' Gesellschaft spalten, an ärem Numm all éier gin andeems der en Referndum bei Nacht und Nebel iniziéiert... richtëg alternativ-demokrateg. En Citytunnel wëllt der bauen, och alléng, an nodeems sech schon jidder politesch Akteuren eenz sin iwwert en Tram, alternativ-demokrateg halt. Ganz illüster Lait sin an äeren Reihen, Redings, en Mann deen nach seet wat en denkt an deem seng hannerfotzeg Art a Weis, Dialogen an Optrieden oft no brongem Kaka sténken. En alternativen Demokrat also fir et fein auszedrécken. Wëll trotz ären ausslännerfeindlechen an stigmatiséierenden Dialogen an Provokatiounen huet dir et jo net gaeren an den rietsen Eck "gedréckt ze gin". Vlait huelt dir ierch zefill en Beispill un gëwessen Lait an der Kierch, déi gaeren géint Homosexueller hetzen an herno behapten se waeren awa em "Gotteswellen" net homophob. Kuckt ierch do uewen di schéin Foto mol un. Dräi schmock Hären, är Parteispetzt.
Henckes, Gibériyen, Mehlen. Die Drei. En agespillten Team. D' Hoffnung vun Lëtzebuerg, dofir maach mat, après nous le déluge. D' Hoffnung fir Lëtzebuerg ? Mat Häerz a Verstand? Léif ADRler, wéi déif sinn ma gefall, wéi schlemm sin ma drun wann ma drai sou Strolchen als Hoffnungsträger ugesin? Ass et net einfach absurd? Ass et net einfach nemmen hirnrësseg absurd? Wat stëllt dir ierch vir ? Robert Mehlen Ministre de L'Intérieur, fir dem Halsdorf séng Délais'en nach méi wait ze drécken? Jean-Jacques Yves Henckes Wirtschaftsminister an der schlemmster Wirtschaftskrise vun allen Zaiten? HALLO ??? ass nach een doheem ? Gast Gibériyen, ech widerhuelen Gast Gybériyen als Aussenminister, bei der europäescher Kommissioun nierwend Steinmeier, Miliband, Kouchner an matt bessi Chance dem Hilary oder dem russeschen Aussenminister Lavrov ? Den aalen Fréisénger Buergermeeschter am Smalltalk matt gebildeten Toppolitiker aus dem Ausland...

Léif ADRler, ass déi Virstellung net einfach nemmen absolut ABSURD!!! Dat ass dach nach honnert Mol méi absurd wéi en 76-Jähregen Kriebsiwwerlierwenden McCain matt enger reaktionärer Kreationisten-Soccermom alias Palin an eng Wahl ze schécken...
Léiw ADRler, loost ierch dach net vun Redings, Henckes, Gibériyens an wéi se all nemmen heeschen eppes virgauckelen. Déi schainbar einfach Léisungen wu den Sündenbock emmer den dommen Auslänner, Asylant oder Frontalier ass hun ons schon genuch Misär an der ganzer Welt beschaaf. Also haalt einfach matt ärem brongen Dräck opp, fir den Nico Graf ze zitéieren. (deem ech vun hai gratuléieren fir seng couragéis Carte Blanche) 

an deem Sënn, 
Good Night, and Good Luck !

Samstag, 14. Februar 2009

Schwulenrechtler an Russland - De Muck iergert den Patriarch!



En Donnesten hat ech zesummen mam Muck Huss eng Entrevue an eng Pressekonferenz matt russeschen an weissrusseschen Schwulenrechtler. Een vun hinnen den Nikolai Alekseyev ass den bekanntesten Russegen Schwulenrechtler an Organisateur vun der Moscow Pride.

Di lëscht Gay Prides an Russland gouffen alleguerten verbueden, sou wei eng ronnn 170 aaner Eventer di LGBT Gruppen wollten an deenen läschten 3 Joer opféieren. Gewalt géint Schwuler ass eng traureg Aktualitéit, vill schwuler mussen sech wann se owes erausgin heemlesch Eheréng undinn. Am Joer 2007 gouff d Moscow Pride kuerzerhand vum Buergermeeschter an ultra-homophoben Reaktionär Luschkow an läschter Minutt gecancelled matt der Begrënnung Moskau wier net Sodom. Or huet den selweschten Buergermeeschter eng ultra-orthodox an faschistoïd Géigendemo erlabt mam Motto "Doud den Schwulen". Dorobbshin huet den Muck eng Fro gestallt am Conseil de L' Europe wei et matt dem Demonstratiounsrecht waer a Russland. Well zu daer Zait Russland d' Presidence hat vum Conseil de L'Europe hun sie missten äntwerten. "Jo mir besseren ons - dat kënnt nemmi vir... " heescht et an der Antwert vum russeschen Aussenministère. Dem Muck seng Ufro huet awa an Russland fir Wirbel gesuergt. Den deemolegen orthodoxen Dauphin an heitegen Patriach Kyril, ergo den héchsten Buedempersonal vum Orthodoxen Gott op Erden huet doroppshin dem russeschen Aussenminister Lavrov en Bréif geschriwwen wat Russland giff ugoen an deen " idioteschen letzebuerger Virstouss" guddheeschen... Den Muck schéngt also net nemmen d Paafen zu Letzebuerg mee och bis an Russland ze entrüsten. :D

Mee zereck zu onsen Schwulenrechtler aus Russland an Weissrussland. Selten hun ech en Grupp Lait begéint déi sou matt Häerz an Séil, sou couragéis an engagéiert optrieden. Vill vun hinnen mussen alldäglech Schikanen op sech ergoenloosen an kämpfen fir hier Iwwerzeegung.

Den Youtube Video mam Interview deen ech mam Nikolai Alekseyev iwwert Homophobie an Stigmatiseierung vun Schwulen gemeet hun, kann een ennert follgender Adresse opruffen:
http://www.youtube.com/watch?v=ihViVChtTkU

Donnerstag, 12. Februar 2009

Den Virschlag um Gréngen Telefon

Mol enker mi eng witzeg Blogmeldung:

Gëschter war ech an der Grénger Fraktioun fir eng Pressekonferenz firzebereeden wi beemol den "Gréngen Telefon" gaangen ass: En eeleren Här ; Joergang 1925 huet séch um aaneren Enn gemellt an zaghaft gefrot ob en "déi gréng" um aaneren Enn erwëscht hätt. Hien hat nämlech en Virschlag un ons... en relativ bahnbrechenden. Den dach pfiffegen an jongebliwwenen 84jähregen huet gemengt hien hätt en Virschlag fir engülteg eng sëcher Endlagerungsplatz fir Atommüll an gebrauchten Uran fonnt ze hun: Ganz einfach: Mol ganz onschelleg bei der NASA uruffen, eng Rakéit vollpaaken matt radioaktivem Ooffall man an op den Mound schéissen... nee net iergendwou op den Mound, mee op di donkel Moundsait, dei di der Erd nie exposéiert ass.
Wann di Rakéit giff um Cape Caneveral giff explodéieren haett een wuel als kléngen By-product di gréissten Dirty Bomb vun allen Zaiten... 

Montag, 9. Februar 2009

Giorgio Napolitano à la luxembourgeoise ?

Sait Joeren kämpft den Papp vum Eluana Englaro fir Dignitéit vun sénger Duechter. Seng Duerchter lait no engem Autoakzident sait 17 Joeren am Koma. Doktoren gesin keng Chance méi dass di jonk Fra nach erwäscht, hieren behandelnden Anästhesist seet dass di jonk Fra sait 17 Joer doud ass an just nach duerch Canuelen am vegetativen Zoustand gehaalen gëtt.

No joerlaangen emotionalen Debatten an der Justiz huet den Beppino Englaro, Papp vum Eluana et endlech färdeg bruecht dass seng Duechter kéint am Fridden stierwen. Deem war awa net laang sou. Den Silvio Berlusconi, alias den Medienprënz an italieneschen Premier huet matt engem Urgence-Dekret dess Entscheedung rem ausser Kraaft gesat. "Ech kann keen embrengen, ech sin net den Pontius Pilatus" seet deen Mann deen an Italien sämtlech biometresch Daten vun Roma an Sinti wëll sammelen. "Dëss Fra ass an der Fassong Kanner ze kréien" behaapt hien weider an engem Interview an verstëmmt weider séng Landslait, vun den Alpen bis erof an den italieneschen Stiwwel. 

Or huet elo den italieneschen Président, Girorgio Napolitano sech verwéigert dëssen Dekret ze ennerschreiwwen. Hien besteht drop dass d' Geriichter schon entscheed hun an een net einfach kann eng demokrateg-gerichtleg Entscheedung iwwert d Kopp gehaien... Desweideren kritiséiert hien dass den Berlusconi séch ausschliesslech vum Vatikan berooden geloos huet an dësser Fro.

Wat bléiwwt ass erem eng politeg Krise an Italien, eng di d' Gesellschaft massiv spalt, an eng rieseg Ongewessheet vir d Famill vum Eluana déi nach emmer net méih wëssen wéi virdrun...

Meng kléng Ureegung:
Hätt den erzkonservativen an strénggleewegen Grand Duc Henri läscht Woch,  den Girogio Napolitano nach sou himmel-hoch-jauchzend emfaangen wann hien gewosst hätt dass hien sou en Dekret net ging ennerschreiwwen?
Villeicht huet jo dëss Kéier mol een sech enker am gudden um Héng inspiréiert, eppes net ze ennerschreiwwen...

Hello Georges!

Rëm en naien Blog vun engem Gréngen Politiker!
Et schéngt wi wann de gréngen Polit-Blog zu engem Phänomen gett!

http://georgesliesch.blogspot.com/

De Georges ass Member vun déi gréng an ganz aktiv am Wahlbezierk Süden wu hien och op der Lëscht matkandidéiert!

Donnerstag, 5. Februar 2009

Den schwéieren Emgang matt der NS-Zait an Neonazis an Daitschland

Am Moment gëtt an Daitschland erem ganz vill iwwert d NS-Zait an den Holocaust geschwat.
Dem Popst séng Entscheedungen, den Joeresdaag vun der Befreiung vun Auschwitz, en schlechten Hollywoodfilm mam Tom Cruise, an virun allem eng historesch Revue déi Zeitungen aus der NS Zait nodréckt.

Et gëtt also erem hëtzeg diskutéiert an Daitschland, an wéi sou oft gin hai erem duebel-tripel jo suguer quadrupel Standard'en gebraucht.

Engersaits den Hollywoodfilm vum Bryan Singer "Valkyrie". Hai gëtt den mettlerweilen naien Idol vum daitschen Widderstand Graf Schenk Stauffenberg frenetesch an onkritesch gefeiert. Et ass ze notéieren dass den Trend an den Filmer iwwert Daitscher am Zweeten Weltkrich eng nai Dimensioun areescht huet. An der Nokrichzait bis an d' 80er Joeren ran waren di Daitsch an den Filmer Täter, blutrünsteg kannerfriessend perverser emmer matt schmocken Uniformen an zackegem Schrett. Ab den 90'en gouff dorauser en Opfervollek, schéin ze gesin an den Filmer iwwer Dresden, d Ostverdréiwwung duerch d' roud Arméi an och iwwert d' Leed vun den Fraen beim Amarsch vun der Sowjet-Arméi (Iwwert Daitsch "Siedlungspolitik" an d Verdreiwwung an Genoziden hannert den Frontlinnen am Osten an den Massenvergewaltegungen duerch Daitsch Zaldoten gett am Endeffekt wéineg bis guernet geschwat). An Haut, geet den Trend an eng aaner Richtung: Di éischt Kéier gin Daitscher als Helden duergestallt...

Et gouffen sécherlech vun all deenen 3 Zorten Lait an NS-Daitschland, mee wann een sech onkrittesch matt egal wéi engem vun deenen 3 ausernaanersetzt dann kréeiert een grouss Problemer: Zum Stauffenberg. Den Stauffenberg huet Mériter (den 20. Juli, den Versuch eppes ze man) mee huet awa och séng negativ Saiten. Och wann een keen NSDAP Member war, war hien awa an der Deutsch-Konservativer Partei, deenen hier Programmer net manner anti-semitesch waren an dei och d Ermächtegungsgesetz matgestemmt hun. Hien selwer huet wärend dem Polen-Feldzuch behaapt "Polen ist voller Gesindel: Armen, Bettler und Juden...".
Et soll een sech also och bewosst sin dass den Stauffenberg net grad en Demokrat war an och sain Putsch nët wéinst dem industriell-organiseierten Muerd vun Milliounen vun Juden Aneschtdenkenden ennerholl huet. (ledeglech den Henning von Tresckow, een vun den "Mitverschwörer" hat d' SS-Einsatzgruppen beim Genozid un galizegen Juden gesinn an wollt doroppshin den Hitler stierzen...

Op daer aanerer Sait awa, schéngt et bei villen Daitschen ganz verpöhnt ze sin wann een sech wëll geschichtlech matt der NS Zait ausenaanersetzen. Sou matt der geschichtler Revue "Zeitungszeugen". Dess Zeitung publizeiert Nodréck vun bekannten Zeitungen wärend der NS-Zait. Winst Urheberrechter vum "Völkischer Beobachter" (der NSDAP Dageszeitung) di beim Bayreschen Finanzministerium laien, an dem Virworf eng geschichtlech opgearbescht Zeitung giff NS-Gedankengut verbreeden gouff dëss äusserst interessant Initiativ elo zenséiert, obwuel enneraanerem een vun den bekanntesten an beschten daitschen Historiker zu dëssem Thema, den Hans Mommsen um Projet matgewierkt huet.

Genau daat ass en gefeierlechen an dramateschen Dilemma.. Engersaits erlaabt een sech geschichtlech onkritesch Hallefwouerreschten ant d Welt ze setzen an se als grouss Dramen ze verkafen wi z.B den Valkyrie Film an Geschichtssendungen rond em den ZDF-"Historiker" Guido Knopp, an aanerersaits verbidd een den eenzeg richtegen Emgang matt den Nazijoeren, an zwar deen vun Historiker opgearbeachten Emgang matt Originaldokumenter aus der NS-Zait. Dozou soen d Historiker déi bei dem Projet Zeitungszeugen matgemach hun:


„ Aufklärung über die Verbrechen des Nationalsozialismus und die Voraussetzungen für diese Bewegung ist ohne fundierte Analyse der Original-Dokumente nicht möglich. […] Dies[es Verbot] ist ein höchst ungeschickterBeitrag zur Mystifizierung und Überhöhung der NS-Propaganda.“

Frank Bajohr, Wolfgang Benz, Gerhard Botz, Barbara Distel, Hans Mommsen, Sönke Neitzel, Horst Pöttker, Gabriele Toepser-Ziegert


Interessanterweis gouffen dëss Zeitungen elo och aus den Lëtzebuerger Geschäfter erausgeholl, besonneg an den Paul-Kraus Librairien di hieren Librairen matt Fax an Telefonater ugeroden hun, dess Zeitung nemmi auszelehen.


Wann an Daitschland insbesondere CDU an CSU och um Verbot vun der NPD sou motivéiert giffen unt d Wierk goen da kéint een endlech en Verbued vun dësser Regruppéierung vun negationistegen an rietsradikalen Schergen mi no kommen. Mee leider scheiden sech op dëssem Dossier d' Geeschter, an sou huet een rem duebel, tripel an quadrupel Standards.


Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...