Dienstag, 6. Januar 2009

Welcome to Henri-Land - Please leave your democratic values at home

Ech wees et dréint een sech vill am Krees mee puer Gedanken nachmol zum Grand Duc séngem Refus:

1. Huet hien sech sou entscheed well en vun gewëssen reliéisen Kreeser dozou gezwongen gouf.
2. Huet hien sech beaflossen geloos an sou dozou baigedroen eng DEMOKRATIE auszehöhlen mam groussen Läffel...usech nennt een dat och e Putsch. (Besonneg wëll en quasi d'Regierung dozou gezwongen huet ze demissionéieren).
En demokrategt Land matt demokrateg gewielten Volleksvertrieder, an Een steet iwwert deenen an seet "NIET!" - wien sech hai net un X-beliebeg Bananenrepubliken resp. Bananenmonarchien arënnert deem kann ech net hëllefen. 
3. Gëtt fir hien aus Ausnahm gemach  - "hien huet och en gewessen"  - jo awa en huet sech net zeäusseren ... hien muss sech net veräntwerten ergo "inviolable" an daat geet jo nemmen wann hien sech net anmëscht...
4. Komm mer maachen Ausnahmen bei allen Gewalten: BEISPILL: en Riichter seet "Main Gewessen seet ma dass dessen Ugekloten soll gehaangen gin - ech haalen mech net un den Verbued vun der Doudesstroof". oder en Polizist "Main Gewëssen sot mer ech sollt deen Cyclist erschéissen wëll en mam Veloh iwwer den duerchgezunnen Strëch gefuer ass..." 
An den Daag no deenen beschriwwenen Evenementer giff dann den Zecherleo rëm sain Leitartikel matt "Grösse" iwwerschréiwwen? Or genee dat ass d'Situation - mee den Grand-Duc schéngt net nemmen inviolable ze sin mee och sacré-hëlleg !

Obwuel dat doten eng réducation à l'absurde ass, gëtt engem awer kloer em waat et hai geet: Em demokrateg Spillreegeln...
Ech froen mech wéi sech d' Deputéiert mussen fillen - sie sin an engem gewielten demokrategen Medium matt engem Mandat wat vum Vollek kénnt - an beemol kennt een Klaudchen (deen nach bis virun puer Joer vun Gott legitiméiert war) an seet " ma ech hun och en Gewëssen...".

Mee bon, Diir ass elo grouss op - villeicht refuséiert den Grand-Duc jo och enker en Budget ze ennerschreiwwen oder en nominéiert en Formateur deen net dem Wielerwéllen entsprecht...
Froen iwwer Froen...mee wien duercht dann schon Enn läscht Joer en giff refuséieren d Stierfhëllefgesetz ze ennerschreiwwen. Et geet also wait méi wi nemmen em d' Stierfhellefgesetz... et geet em den demokrateschen Funktionnement vun engem Land.


2 Kommentare:

  1. Letzebuerg ass vill ze trääääääääge, fir dat relevant ze fannen. Meckeren jo, handelen nee.

    Mee jo, et ass aschreckend.

    AntwortenLöschen
  2. Eisen gudden aalen Heng haat jo komescherweis keen alarmeirend Gewessen daat en dervun oofgehaalen hätt, Gesetzesprojeten zur Förderung vum sozialen Oofbau z'ennerschreiwen obwuel daat vill mei Leit negativ betrefft.

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...