Sonntag, 18. Januar 2009

Meng 8 Joer Bush ...

Endlech, endlech ass den 8-jähregen Bush Martyrium eriwwer. Lang ass et hir, November 2000, ech war nach een vun den Kléngen am Lycée wi mer mettes am Informatiksall matt onsen basic englesch Kenntnisser virum PC soutzen an ons op CNN een Staat nom aaneren ugekuckt hun. Et war fir ons kloer, de G.W. Bush deen deemols sech am Texas massiv fir d Doudesstroof ausgeschwat huet an deen duerch sain Papp, soen ma sou schon e bessi virbelaascht war als en Waffen- Ulech- an Krichsindustrielobbyist keng Chance haett geint den "Saubermann" Gore. Mee et sollt ganz aaneschters kommen: Den Florida gett zum "Battleground State" déi eng soen den Gore haett en gewonn, Fox News mellt et wier den Bush... reischt virum dem Uewersten Gericht gett entscheed dass den Bush den 43. Präsident vun den USA gëtt. Et war een faasungslos doriwwer, mee et konnt een sech denken wat alles giff kommen. Mee et koum ganz deck - dat brauch ech kengem ze soen: No sengen onopfällegen éischten Méint als President wu den Bush virun allem op senger Ranch hockt,  mecht hien sech virun allem den Numm als "Teilzeitpresident".
  2001 ass d Joer vum Kyotoausstieg vun den U.S.A an virum allem dem 11. September. Deen eenormen "shitstorm" deen dono durech den Ventilator gaangen ass (fir beim amerikaneschen Slang ze bleiwen "when the shit hits the fan") konnt awa keen virausgesin - Afghanistan Krich, Patriot Act an 2003 den Irakkrich. Zait zwëschen dem 11. September 2001 an März 2003 sin keng schéin. Bush a co. hetzen zum Krich, an beschter McCarthy Manéier. Islamophobie an Arabophobie gin bis zur Perfektioun an den U.S.A instrumentaliséiert. Dëss Well schwappt och deelweis an Europa iwwer.  März 2003: Ouni UN Mandat ouni Beweiser zidd den George an de Krich: D' Mobiliseierung zu Letzebuerg ann an der Welt war beispiellos... De Walkout zu Letzebuerg vun bal 12'000 SchülerInnen a StudentInnen um Daag vum Krichausbroch war eng vun den faarwenreichsten an awa gleichzeiteg och trauregsten an polariséierenden Demos di ech je zu Letzebuerg gesin hun. Et ass déi zait wu ech mech definitiv décideiert hun politesch aktiv ze gin.

2003 an 2004 sin geprägt vum immensen Martyrium am Irak. Ganz deeler vum Land sin roud Zonen wu sech Amerikanesch Arméi an Rebellen zu Doud metzelen. Falludscha gëtt zur Heichbuerg vum radikalen Widderstand em den Muktada al-Sadr. 
2004 - Erëm sin Wahlen: An Europa ass een sech mei oder weineger sëcher - De Bush ass e Chaot, an keint vum Demokrat John Kerry oofgeléist gin. Bei den Wahlen kennt et erem zu Irregularitéiten, de Bush gëtt als "Wartime President" gefeiert an matt enormen Success eremgewielt. 
2005, Summer, New-Orleans: Den Hurrikan Katrina verwüst den Mississippi Delta em New-Orleans. Dausenden Menschen sin ouni Stroum an Waaser, en modregen Gestank vun verwesten Laichen lait an der Loft. Et ass dem Bush sain gréissten Innenpolitegen Debakel. Seng Krisenmanagementsagence FEMA brengt et net faerdeg den Lait ze hëllefen. Et ass kloer dass die enorm Gelder di Amerika sait Joeren an d Rüstungsindustrie gestach hun, d U.S.A zu engem infrastrukturaarmen Land gemeet hun. Wärendeem am Irak an am Afghanistan US- Helikopteren an Fliegeren bombardéieren an vill onschëlleg Lait an den Doud räissen, feelen un der "homefront" genee dei Reservisten an dat Material, daat hätt kënnen vill Lierwen retten. 2000 Lait hun hiert Lierwen geloss - als Verglach bei engem ähnlech starken Taifun an Japan koumen 2006 15 Lait em d Lierwen...
Och am Irak ass trotz "mission accomplished" alles aaneres wi am grengen Beraich - bis zum heitegen Zaitpunkt sin méi wi 1000 US-Zaldoten an 150 Koalitiounszaldoten gestuerwen. An Zivilisten? Hai gin et keng zouverlässeg Daten: Di konservativsten Zuelen schwetzen vun 100'000 di aaner Quellen vun bis zu 1. Milliounen Doudeger.
Guantanamo, Asylpolitik, an eng katastrophal Innenpolitik loosen speitstens elo dem Bush seng Werter faalen - hien avanceiert zeitens zum onbeleiwsten President an der amerikanescher Geschicht, méi onpopulär wi den President Hoover an der "Great Depression". Hien degradéiert zur absoluter Witzfigur. Spéitstens Uffank 2008 ass hien politeg doud - an och um internationalen Parkett nemmen nach eng Randerschainung...

Muer ass et dann suwait dass den Barack Obama als 44. President vereedegt gëtt. Den Obama ass sëcherlech en Hoffnungsträger - mee hien muss elo mol kucken dass hien déi Armada vun Kuckucks' Eër an sengem Nascht aus der Bushzait mol entsuergt. An daat keint méi lang wi 1. Amtszait daueren. Besser wi den Bush waert et op alle Fall gin - mee och den Obama huet eng honreg Rüstungsindustrie hannert séch, an eng vun den gréissten Arméien vun der Welt...

1 Kommentar:

  1. jo... "scheinen" resume hues de gemeet - leider ass et en enorm trauregen

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...