Freitag, 12. Dezember 2008

Pride comes before the fall

Et gouf engem oft erzielt dass an der Avortementsdiskussioun virun 30 Joer vill lass war. Wéi d' kathouleg Kierch, CSV, Wort an co, sprich di konservativ Kräften géint desst Gesetz gesténkert hun. Am Moment erlierwen mir selwer eng Phase di mir dono onsen Kanner erzielen kennen(oh main léiwen Horus wi pathetesch...).

Wat momentan fir Wouerrechtsverzerrungen an Dreckskampagnen gefouert gin mecht mech wieklech net nemmen rosen, mee léisst mech och nodenken iwwert den demokrateschen Funktionnement vun Letzebuerg.
Wat bewegt d' Leit zu Letzebuerg iwwerhapt... ech kann bis elo 3 Themen erausschielen:
1. en dämlechen Fändel
2. d' Sprooch
3. den Grand-Duc

Dass mir an daer schlemmster Rezessioun seit Jorzéngten sin schengt d'Leit wuel kaum ze picken...An deem Fall kann een och wuel di hëlleg 3-Faltegkeet Bistum-Wort-an insbesondere CSV begléckwenschen dass den Här Juncker di Granat mam Grand-Duc erréischt elo gezunn huet. Merci Jean-Claude, vielleicht kriss de dofir rem iergend en (Paafen)Praiss. An wann ma schon bei Paafen sin: Den Vatikan huet gëschter an engem Pressecommuniqué erausgin an den Grand-Duc geluerwt - ech froen mech just wini den Alt-Herren-Club am Vatikan de Grand-Duc séileg schwëtzt.

An fir dat ganz bessen opzelockeren:
http://www.youtube.com/watch?v=lQO6xE3PthA

affaire à suivre!

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...