Freitag, 5. Dezember 2008

Falsche Helden braucht das Land !


Jo et ass schon verwonnerlech wéi een hautzudaags kann d' Réalitéit dréinen a kéieren wéi een well.
Et ass gewosst, dass eng Zort Lait daat besonnëg gudd kann, an dat beweisen se seit ronn 2000 Joer emmer erem: D'Kathouleg Kierch!
An Zeiten vun Krëschtdaag an Kleesechersdaag gin sie jo allerhand Märecher zum Beschten, sief et dat vum Kleeschen oder vun der Geburt vum Heiland.


Mee zereck zum Thema, den Helden.
Anscheinend hun mir laut KATH.NET (Katholischer Nachrichtendienst) een naien Held zu Letzebuerg, de Grand-Duc HENRI !

05. Dezember 2008, 10:46
Großherzog Henri, der neue Held aus Luxemburg

Erstmals hat in Luxemburg ein Großherzog eine Unterschrift zu einem Gesetz verweigert - Jetzt wollen Regierung und Parlament die Verfassung ändern und die Aufgaben des Großherzogs einschränken, um tödlichen Euthanasie-Gesetze durchzupushen

Luxemburg (kath.net)
Luxemburg hat einen neuen Helden: Großherzog Henri. Dieser hatte diese Woche die Unterschrift für ein Euthanasie-Gesetz verweigert. Damit kann das umstrittene Gesetz nicht in Kraft treten.
Ausgerechnet der "christdemokratische" Premierminister Jean-Claude Juncker möchte jetzt die Verfassung ändern, um die Rechte des Staatsoberhaupts einzuschränken. Die Verfassungsänderung soll im Schnellverfahren durchgesetzt werden, um das Euthanasiegesetz doch noch durchzubringen. Konkret soll in der Verfassung der Paragraph 34 abgeschafft werden, in dem das de facto Vetorecht des Großherzogs vorgesehen ist.

Das "tödliche Gesetz" wurde am 19. Februar dieses Jahre mit sehr knapper Parlamentsmehrheit (30 zu 26) beschlossen. Im Gesetz ist vorgesehen, dass ein Arzt aktiv "Sterbehilfe" leisten kann.


Main Kommentar:
Schon an der Bibel gett jo bekanntlecherweis aus dem Saulus de Paulus an bei ons schéngt et mettlerweilen och ze klappen:
- Net nëmmen den Katholischer Nachrichtendienst ass der Meenung dass den Grand-Duc Henri en Held ass, mee och ronn 37% vun deenen Lait di zu Letzebuerg wunnen, fannen dem "Heng" sain Handelen fir ubruecht. (TNS-ILRES Emfro fir Tageblatt, Echantillon vun 500Lait)
- Manner verwonnerlech ass den Leitartikel vum erzkonservativen Leon Zeches deen den Grand-Duc Henri huldegt an rühmt fir séng Entscheedung. Wat mech par conter méi erstaunt huet waren d'Aentwerten vun gewessen Lait op sain Leitartikel op wort.lu:
Den Här R.K. schreiwwt zum Beispill: " Ich bin Gott dankbar, einen solchen Landesherrn zu haben. Monseigneur, mir sin houfreg op Iech!"
(Gott dankbar ? Sou Statements kennen ech usëch just vun schlechten Hollywood SchauspillerInnen, déi subal se en Stéck Plastik an den Grapp gedréckt kréien
unfänken matt "First of all I'd like to thank God" - N.B "Landesherrn"??? Waren dat net zoufälleg mettelalterlech Despoten weltlech an kierchlecher Natur?)

Leider muss ech deenen Léit déi sou houffreg sin an den Grand-Duc Henri matt Stoussgebieter géint Himmel bedanken e kléngen Gedankenustouss matt op de Wee gin:

Falls Grand-Duc Henri en Held soll sin dann ass hien héchstens en ganz einsamen an trageschen Held. Den Grand-Duc Henri huet et net verstaanen, respektiv net erklärt krut datt sain Refus giff eecht Konsequenzen hun. Hien huet sech bewosst, onbewosst, oder op schlechten Rod hin dozou entscheed, an dat ass en kloeren Broch matt den politeschen Spillreegelen, an der Art a Weis wéi onsen System seit Jorzéngten funktionnéiert. De Grand-Duc Henri huet also fir et salopp auszedrécken eng rieseg "gaffe" gemach. Zu Letzebuerg huet sait 90 Joer keen Souverain méi ant d' Politk agegraff an e Gesetz net ennerschriwwen - an dat zurecht. Den Pouvoir lait halt bei den demokratesch gewielten Volleksvertrieder, an sou een ass den Grand-Duc Henri nunmol net. ET KENNT ELO KENG VERFASSUNGSAENNERUNG WINST DEM EUTHANASIEGESETZ(wéi vill Lait mengen) - MEE WINST DEM GRAND-DUC HENRI, deen di demokratesch Spillreegelen net nemmen matt den Féiss getreppelt huet, mee sech iwwert den demokrateschen Vote an de Wëllen vum Vollek ewegsetzt. (An der gudder aaler Traditioun vum "L'état c' est moi!")
Hien hätt eng aaner Optioun gehaat: Séch fréih genuch ze äusseren an sain Refus bekanntzegin an doroppshin sain Hut ze huelen. Mee um Throun lierwt et sech gudd, einfach ze gudd. Dofir ass och d' angel-sächsegt Sprachwuert net vun Muttwëll: "It's too good to be king".
An deem Sënn: Vive onsen trageschen Held, hien selwer huet de Steen un d' Rullen bruecht.

Weider Links:
http://www.kath.net/detail.php?id=21523

De Forum vun Kath.net "Von der Tyrannei der Demokratie - Euthanasie in Luxemburg":
http://www.kathnews.com/thread.php?threadid=6234

2 Kommentare:

  1. Bei deene Leit ass einfach kee méi doheem. Et ass am Fong besser, einfach doriwer ze laachen, sech opreegen wier eng reng Nerveverschwendung.

    AntwortenLöschen
  2. Et Madam Knetsli vum Kathnews-Forum mecht awer ménges Wessen déi flottsten Rousekranz hei wéit a bréed. Ech hu mir sélwer virun e puer Wochen é schicken fir 60 euro geléecht (matt Gebrauchsanweisung!)! Ech kann sie nëmme weiderempfehlen... ;-)

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...